Zum Hauptinhalt springen
Zurück
12 / 09 / 2025

Feierôwend!

Abendgesellschaft, Essen & Getränke, Geschichte, Konzerte - Andere, Lokale Aktivität, Metallurgie, Nachbarschaftsmesse, Straßenessen, Tanzabende
Ferro Forum asbl | 19:00 - 23:45

FerroForum schléisst de Summer of mat enger Hommage un d’Grenz, den Haut-Lieu vun de Oarbeschter-Fester an der Nookrichszäit. Ab 19h gi Poarten vum Atelier Central op, an ab 19h30 wäert de Luciano Pagliarini a säin Orchester d’Danzpist onsécher maachen. Méi spéit am Owend ginn d’Loon DJs un de Mëschpult a wandelen eisen Atelier an eng Retroplatinodisco ëm.

Wärend dëser notturna ferruginosa erlieft dir lauter Feier- an Eisenaktiounen vun der Ekipp vum FerroForum. Et gëtt natierlech och z’iessen an ze drénken, wéi deemools op der Grenz! A wann dir iech an eis nach méi Freed wëllt maachen, dat kommt am Sonndesgezei wéi fir d’Baler vu fréier. T’ass Feierôwend!



Accès .:

– Et gëtt eng Navette vum Portail Lalleng (Parking Aloyse Meyer) erop an den Atelier Central.

– Den Accès ze Fouss / mam Vëlo geet iwwert de Portail Schëffléng

– De Lieu ass och accessibel fir Mënsche mat beschränkter Mobilitéit. Kontaktéiert eis gären am Virfeld fir Detailer.

– Wichteg: Et gëtt keen Accès iwwert de Portail Neiduerf!

From ECHO.lu


PROGRAMME:

19:00 Ouverture Portaile an Départ 1. Navette vum Portail Lalleng

19:30 Danzpiste geet op mam Luciano Pagliarini a sengem Orchester

22:00 Retroplatinodisco mat de Loon DJ’s

De ganzen Owend: Notturna ferruginosa mat der Ekipp vu FerroForum

00:00 Feierowend a Luuchten aus!… Départ vun der leschter Navette an Fermeture vun de Portaler

Ferro Forum asbl

Ferro Forum asbl

1 rue Léon Lamart | 4335 Esch-sur-Alzette
Location

Barrierefreiheitsfunktionen

Schriftgröße
Zoomen