Passer au contenu principal
Retourner
30 / 04 / 2026

Gesondheetswoch am EltereCafé

Conférences & Séminaires, Santé & Bien-être
EltereCafé - Café des Parents | 09:30 - 11:30

Vum 27.04 - 30.04 ass Gesondheetswoch am EltereCafé: 

De Familljenalldag ass munchmol ustrengend a stresseg (Kannergejäiz, Schoul, Partner, knappe Wunnraum, …). Do kann een dann als Eltere scho mol ze kuerz kommen.

Fannt e Gläichgewiicht tëschent de Kanner hire Bedierfnisser an Ären eegenen. Nëmmen esou behaalt Dir déi néideg Geloossenheet, fir als Famill gutt ze funktionéieren.

Huelt Iech Zäit fir Iech, fir ze entspanen, Energie opzetanken. Entdeckt Entspanungstechniken a Strategien géint de Stress am Alldag zesumme mat aneren Elteren. Sidd eng gutt Mamm, e gudde Papp, fir Iech selwer!From ECHO.lu

Esch/Alzette, 1, rue Louis Pasteur - EltereCafé

Aktivitéit fir all interesséiert Elteren (LU)  

Intervenante:  Marie-Antoinette Arendt, Sophrologue,

Limitéiert Plazen!!! 

Aschreiwung: .https://www.kannerschlass.lu/de/angebot/eltereschoul/agenda-de

EltereCafé - Café des Parents

EltereCafé - Café des Parents

1 rue Louis Pasteur | L-4276 ESCH-SUR-ALZETTE
Location

Personne de contact

Fondation Kannerschlass/Eltereschoul Numéro de téléphone 59595953 E-mail eltereschoul@kannerschlass.lu Internet

Menu d'accessibilité

Taille de police
Zoom