Skip to main content
Go back
30 / 04 / 2026

Gesondheetswoch am EltereCafé

Conferences & Seminars, Health and wellbeing
EltereCafé - Café des Parents | 09:30 - 11:30

Vum 27.04 - 30.04 ass Gesondheetswoch am EltereCafé: 

De Familljenalldag ass munchmol ustrengend a stresseg (Kannergejäiz, Schoul, Partner, knappe Wunnraum, …). Do kann een dann als Eltere scho mol ze kuerz kommen.

Fannt e Gläichgewiicht tëschent de Kanner hire Bedierfnisser an Ären eegenen. Nëmmen esou behaalt Dir déi néideg Geloossenheet, fir als Famill gutt ze funktionéieren.

.

Huelt Iech Zäit fir Iech, fir ze entspanen, Energie opzetanken. Entdeckt Entspanungstechniken a Strategien géint de Stress am Alldag zesumme mat aneren Elteren. Sidd eng gutt Mamm, e gudde Papp, fir Iech selwer!

Esch/Alzette, 1, rue Louis Pasteur - EltereCafé

Aktivitéit fir all interesséiert Elteren (LU)  

Intervenante:  Marie-Antoinette Arendt, Sophrologue,

From ECHO.lu

Limitéiert Plazen!!! 

Aschreiwung: https://www.kannerschlass.lu/de/angebot/eltereschoul/agenda-de

EltereCafé - Café des Parents

EltereCafé - Café des Parents

1 rue Louis Pasteur | L-4276 ESCH-SUR-ALZETTE
Location

Sales contact

Fondation Kannerschlass/Eltereschoul Telephone 59595953 E-mail eltereschoul@kannerschlass.lu Internet

Accessibility Menu

Font size
Zoom